D’Kategorien

D’Ënnerdeelung a «Graden» baséiert um Schwieregkeetsgrad vun der Behënnerung.

Am Grad I fënnt ee schwéierbehënnert Persounen an am Grad IV därer déi nëmme ganz liicht kierperlech Aschränkungen opweisen. An all Grad ginn nëmmen déi Ufuerderunge gestallt, déi dem Schwieregkeetsgrad vu Behënnerung ugepasst sinn.

Grad 1

Heirënner falen déi Reider déi schwéierbehënnert sinn. Dëst sinn oft Rollstullfuerer, déi hiert Becken net kënne benotzen oder hier Äerm a Been nëmme limitéiert asetze kënnen.

Reider am Grad 1a reiden nëmme Schrëtt, eventuell e liichten Trap fir déi am Grad 1b.

Grad 2

Dëse Grad regruppéiert an der Haaptsaach Rollstullfuerer oder Reider mat Aschränkunge vum Becken an/oder den Äerm/Been.

Bei Turnéier reiden se Schratt an Trap, eventuell Galopp bei fräie Figuren.

Grad 3

Dëse Grad regruppéiert déi Reider, déi sech ouni Hëllef fortbeweege kënnen. Si un entweder een Handicap un engem Aarm, engem Been oder se kënnen Äerm a Been nëmme liicht ageschränkt benotzen.

Hei bestinn d’Prüfungen aus Schrëtt, Trap a Galopp, vergläichbar mat enger A/L-Prüfung. An de fräie Prüfunge kënnen d’Reider och een Niveau M wielen.

Grad 4

Heirënner falen déi Reider déi am mannsten ageschränkt sinn.d.h. siichtbehënnert sinn oder eng liicht Beweegungsaschränkungen an engem oder 2 Gliedmassen opweisen. D’Prüfunge bestinn aus Schrëtt, Trap, Galopp, vergläichbar mat enger Prüfung L/M. Bei fräie Prüfunge kënnen d’Reider och schwiereg Figure weisen (ausser Fousswiessel an engem Schrëtt).

Bei der Evaluatioun an alle “Grades” gëtt op en gudde Sëtz, den Tracé, den Effekt vum Reider senger Aktioun a wéi entspaant d’Päerd ass Wäert geluecht.