Reide fir behënnert Persounen

Zanter Mee 2006, sinn d’Dressur an Kutschefueren als  8. Disciplin an der FEI, ënnert dem Numm “Para-Equestrian” unerkannt. Dëst beweist de Wëllen vun der Fédération Equestre Internationale fir d’Integratioun vu Persoune mat ageschränkter Mobilitéit op der staark mediatiséierter Bünn vum klassesche Reitsport, an dëst wéngst hire Leeschtungen an net aus Matleed. Et ass also wichteg sech op des Integratioun ze behapten an och derzou bäizedroen. Effektif ass fir vill Behënnerter d’Ambitioun an d’Ausdauer vun den Athleten hir Haaptmotivatioun fir sech net goen ze loossen an ze léiere mat hirer Behënnerung ze liewen.

Am Turnéiersport kënnen Behënnert Persounen un sougenannten “Integrativen” Turnéier, zesumme mat net behënnerte Reider deelhuelen. Se kënne awer och a speziellen Turnéier starten (dës ginn zesumme mat der Fédération Equestre Internationale organiséiert) .

De Wee vum therapeutesche Reiden bis bei d’Turnéierreiden verleeft oft an dräi Etapen :

  1. D’Ennerdeelung a «Graden»
  2. Den a Groussbritannien erfonnten an ofgehalenen Test : «Talent Spotting»
  3. Zwou Turnéierkategorien : Ufänger a Fortgeschrattener